Wëllkomm


Häerzlech wëllkomm um Site vun der Schoul-Ettelbréck!


Aktuell News | Archiv


2020-04-02
De Kanner ass et langweileg an der Ouschtervakanz an si wëllen eppes Kreatives maachen. Hei eng Initiative vun "Art à l'école".
Mol ee Bild an hänk et an deng Fënster.
Weider Infos fannt dir an den Dokumenter hei:
2020-03-27
Fir och an dëser spezieller Zäit heiansdo Sport ze maan bitt den Site vun der LASEP de Kanner verschidde Méiglechkeeten un. Och vun eisem Sportléierpersonal ass d'Initiativ "FIT Kanner doheem" dobäi. Traut iech a kuckt bis eran.
Bleift doheem an bleift sportlech;)
2020-03-24

Léif Enseignanten, léif Schüler, léif Elteren,

Schoul Doheem – dat ass en Challenge fir eis Alleguer! 

Mir wëllen Iech an dëser aussergewéinlecher Situatioun ënnerstëtzen. Elo wou d’Klassesäll eidel sinn, musse mir nei Weeër goe beim Léieren.  Wann Dir Froen hutt, mellt Iech op eiser Hotline. Wann dir Unterrechtsmaterialie braucht, consultéiert eise Site. Hei fannt Dir Dag fir Dag nei Ureegunge fir d’Schoul doheem. Ech soen Iech Merci fir Äeren Engagement, an wënschen Iech vill Courage an deenen Deeg a Wochen déi kommen. A virun allem eng gutt Gesondheet !  

www.schouldoheem.lu

Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

2018-10-12

Ab elo kënnt Dir Tiparlo och iwwer Äre mobilen Telefon oder een Tablet (IOS oder Android) benotzen.

Fir d'App ze installéieren brauch Dir einfach nëmmen am App-Store vun Apple oder Google no "Tiparlo" ze sichen.

Dir fannt den Download-link zousätzlech och iwwer Tiparlo.lu.

De Londoner Verlag Nosy Crow huet dëst Buch séier realiséiert, fir de Kanner an de Familljen an der Corona-Zäit entgéintzekommen. Jiddereen, deen doru geschafft huet, huet dat benevole gemaach.

 


Éischt Zeréck

Login


@education Tools


    
 




Teachers' Corner


Läscht Neiegkeet:
2022-01-20 15:19:08

Läschte Rapport:
2024-04-24 15:40:09

Button

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche

News Feed (RSS)

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)