CENTRE REGIONAL NORD DE DOCUMENTATION PEDAGOGIQUE


Adresse:
3, Place Marie-Thérèse
L-9064 Ettelbruck

Tel: 81 06 77
Fax: 81 06 77

Online-Katalog, Öffnungszäiten a weider Informatiounen: www.crndp.lu





De Centre Régional Nord de Documentation Pédagogique verdankt seng Existenz enger Initiativ vum Schoulinspekter Guy Strauss, deen den demolegen Ettelbrécker Buergermeeschter Ed. Juncker an 19 aner Buergermeeschteren aus dem Norden grad ewéi den Educatiounsministère dervun iwerzeege konnt, dass et am Norden vum Land eng "Zweigstell" vum Centre de Documentation vu Walfer misst gin, fir dem Léierpersonal d'Méiglechkeet ze gin, op neit didaktescht Material zréckgräifen ze kënnen, ouni ëmmer de wäite Wee op Walfer ënnerhuelen ze mussen. D'Gemeng Ettelbréck huet sech spontan bereet erklärt d'Gebei zur Verfügung ze stellen an ze ënnerhalen. Di aner Gemengen hu sech engagéiert sech un de "frais de fonctionnement" ze bedeelegen
Sou gouf den 1. Oktober 1993 den neie Centre feierlech ageweit. An ët gouf eng Erfollegsgeschicht, dank dem Asaz vum Personal, der finanzieller Participatioun vun de Gemengen an dem Interesse vum Léierpersonal.
All Joer gouf e wéineg Material bäikaaft, an all Joer as d'Zuel vun den Enseignanten, di léine koumen, méi grouss gin. Sou huet sech d'Zuel vun de Prêten an dene leschte 5 Joër veraachtfacht.
Säit 1998 sin d'Madame Betty Jung-Roth an d'Madame Monique Schmit-Losch responsabel fir d'Material a fir den administrative Beräich, während d'Madame Chantal Meyer-Pütz d'Visiten vun de Schoulklassen organiséiert a leet.