![]() | First Lego League Quali2026-02-24Um Densden de 24. Februar ass eis First Lego League Equipe op de Geesseknäppche gefuer. Si hunn hei missen enger Jury hire Projet virstellen, an der Lego Competitioun mam Roboter Missiounen a Punkte sammelen, um Gallery Walk hunn si den anere Kanner an enger weider Jury hiren Dësch gewisen an erkläert. Et war een interessanten Dag. D'Kanner gi mat engem gudde Gefill aus dësem Dag eraus. D'Coache Ben an Dan si stolz op hier Equipe. Sie musse lo bis Enn der Woch waarden op et duergaangen ass fir d'Finallen an der Luxexpo. Merci un d'Kanner fir hiert Engagement: Nour, Prothsa, Rosim, Blandine, Dalia, Tun, Léi, Mickaël, Rodrigo |

