Wëllkomm


Häerzlech wëllkomm um Site vun der Schoul-Ettelbréck!


Aktuell News | Archiv


2025-06-28

Hei fannt dir den Rapport vum 4. Kannergemengerot

2025-06-10

Hei fannt Dir den Rapport vum 3. Kannergemengerot.

2025-06-10

Du spills een Instrument a wells emol materliewen, wéi eng Prouf
bei äis an der Ettelbrécker Jugendmusek oder am groussen Orchester
ofleeft?
Da komm einfach bis laanscht an eng „Schnupperprouf" - ganz
entspaant an ouni Drock!

 Flyer_Musek.pdf (155 KiB)
2025-05-26

D'Kanner aus dem Grupp Art à l’école Cycle 3 hunn hei matgemaach. Hier Wierker kennt dir an der Belle Etoile iech ukucken goen.

2025-04-25

Am PDF fannt Dir den Rapport vum 2. KAGERO. Vill Spaass beim Liesen

2025-04-25

Orunmila’s Garden

Wann een ëmmer alles upake muss, leeft och mol alt eppes schif.

Eng Schoulklass lant duerch eng magesch Tafel an engem geheimnisvolle Gaart.

Brenge si et zesumme fäerdeg fir erëm heem ze kommen oder musse si fir ëmmer an der verzauberter Welt bleiwen? A wien ass den ominéisen Orunmila?

Op d’Been gesat vun der Ettelbrécker Grondschoul

no enger Iddi a mat Musek vum Khalid OKE

Regie, Text, Koordinatioun, Bün:

Mim Weisgerber, Patrice Rausch, Laure Hamen

mat Hëllef vum Dan TANSON

Gespillt gëtt am CAPE :

Donneschtes, den 22. Mee 2025 : Moies ëm 10.00 Auer an Owes ëm 19.00 Auer

Freides, den 23. Mee : Moies ëm 10.00 Auer

Dauer : +/- 60 Minutten

2025-03-26

De Kannergemengerot gouf gewielt. D'Wort huet ee flotten Artikel iwwert des Initiativ geschriwwen. Den Artikel fannt dir hei zesummen mat der Foto vun den gewieltenen Schüler.

 AK_KAGERO_A2.pdf (13.32 MiB)
 KGOnline.pdf (64 KiB)
2025-02-28

D’Wale si gelaf an d’Kandidate gewielt Et waren am ganzen 555 Kanner éligibel an et hun der 520 gewielt. Dovu ware 5 Walziedelen ongülteg an 3 Wäisser dobäi, soudatt am ganze 512 Walziedelen ausgezielt gi sinn. Hei dann d’Nimm vun deene Kanner déi wäerten am Kannergemengerot sinn:

  • Den Anthony TEJEDA GARCIA – C.4.1
  • De Léi FISCHER – C.4.1
  • D’Nadine DOS REIS DELGADO – C.4.1
  • Den Ahmed MOHAMMAD – C.3.2
  • D’Helena MACHADO – C.3.2
  • D’Helena ZIMMERMANN – C.3.2
  • D’Mayra Maria SOUSA ALVES – C.3.2
  • D’Tamea BROSIUS – C.3.2

Wann e Kand säi Mandat elo net well oder kann unhuele respektiv mei wéi 2 Mol an engem Joer feelt, da wäert en anert Kand noréckelen. D’Nimm vun de Kanner déi aus de Maison Relais dobäi kommen, kommen demnächst online.


Nächst Lescht

Login


@education Tools


    
 




Teachers' Corner


Läscht Neiegkeet:
2022-01-20 15:19:08

Läschte Rapport:
2025-06-29 21:55:08

Button

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot

News Feed (RSS)

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)